Infirmier tuteur – Hiver 2022

Infirmier tuteur – Hiver 2022

Infirmier tuteur
  • Ufanksdatum 28 November 2022
  • Dauer 32 heures
  • Plaz Maison du Savoir
    2, avenue de l’Université
    L-4365 Esch-sur-Alzette
  • Sprooch Luxembourgeois
  • Präis (ouni TVA) 460.00 

Kontext vun der Formatioun

  • La formation de l’infirmier tuteur existe en 2 versions:
    • la version standard pour les soins généraux (celle-ci)développée pour les besoins des services généraux, la formation s’adresse aux professionnels de santé encadrant des étudiants LTPS dans un service de soins sans spécialisation. Cette promotion est par conséquent réservée aux soins généraux ;
    • la version “spécialisée” – afin de mieux rencontrer les besoins spécifiques des services spécialisés (sages-femmes, pédiatrie, psychiatrie, anesthésie / réanimation, chirurgie, radiologie), une version alternative de la formation a été développée. Dans celle-ci, les coordinateurs du LTPS seront présents lors du module 2 pour détailler le référentiel de compétences de chaque spécialisation. La prochaine promotion “spécialisée” aura lieu au printemps 2023.
  • La formation de l’infirmier tuteur est multilingue : La langue véhiculaire standard du cours est le luxembourgeois. Le formateur s’adapte au groupe et les participants sont libres d’utiliser la langue qui leur convient le mieux pour les travaux de groupe, les présentations des résultats ainsi que pour poser des questions. Les supports de cours sont disponibles en français et en allemand.

Dir encadréiert Infirmiers-Stagiairen ?

An Zesummenaarbecht mam LTPS, bidde mir iech dës Formatioun un, déi iech hëllefe wäert är Kompetenzen fir d’Begleedung vun de Studenten ze erweideren. Esou kënnt dir nach besser an är Roll als Tuteur erawuessen an är Missiounen am Kader vum Encadrement vun de Studenten esou erfëllen, datt si fir iech an är Institutioun am meeschte Sënn mécht.

Ziler

D’Zil vun der Formatioun ass iech de Référentiel de compétences vum LTPS nozebréngen an iech ze hëllefen är Plaz als Tuteur ze fannen, dat mat deem richtege pädagogesche Bagage.

Um Enn vun der Formatioun sidd dir fäheg:

  • iech als Tuteur/Tutrice ze positionnéieren
  • d’Léierziler vum LTPS ze verstoen a si um Terrain ëmzesetzen
  • är Approche ze strukturéieren an effizient ze kommunizéieren
  • d’Studenten an hirem Stage z’encadréieren, hinnen d’Méiglechkeet ze ginn sou vill wéi méiglech ze léieren a si z’evaluéieren

D’Formatioun ass kloer op d’Soins généraux ausgeluecht. Si kann awer och vu Leit aus de Spezialiséierunge besicht ginn, et ka just an deem Fall net op all Fro spezifesch agaange ginn.

Programm vun der Formatioun

D’Formatioun ass op 4 Deeg opgedeelt an deenen dir ënneschiddlech Säite vun ärer Roll als Tuteur a Begleeder vun de Studente während hirem Stage an der Infirmiersausbildung kenneléiere wäert. Dir kritt esou alles, wat dir braucht fir är Plaz am Enseignement clinique anzehuelen.

Modul 1: 28. November 2022
D’ROLL VUM TUTEUR A SÄI PÄDAGOGESCHE POSITIONNEMENT

  • äre perséinleche Formatiounsplang (PIF) erstellen => Virbereedung op Distanz
  • déi verschidde Rollen a Missioune vun den implizéierten Akteuren am Enseignement clinique identifizéieren
  • d’Zilsetzung vum Enseignement clinique erfaassen
  • d’Critèren vun engem gudden Encadrement festleeën
  • d’pädagogesch Missioun vum Tuteur erausschaffen
  • dem Tuteur seng Kompetenzen ënnersichen
    • M. Christian WEIBEL

Modul 2: 5. Dezember 2022
D’LÉIERZILER VERSTOEN A SI UM TERRAIN ËMSETZEN

  • sech de Référentiel de compétences vum LTPS uneegnen
  • d’Philosophie vum LTPS kenneléieren
  • d’Erwaardunge vum LTPS vis-à-vis vun de Studenten novollzéien
  • ugepasste Léiersituatiounen erkennn an hir Modalitéiten festleeën
  • Praxis-Tipps austauschen
    • Mme Anouk BAUM / M. Roland MULLER

Modul 3: 12. Dezember 2022
SENG APPROCHE STRUkTURÉIEREN AN EFFIZIENT KOMMUNIZÉIEREN

  • d’Studente begleeden an hinnen Wëssen a Kompetenzen vermëttelen
  • Aufgabe verdeelen
  • de Fortschrëtt vun de Studenten moossen, analyséieren a fërderen
  • Feedback ginn an akiv kommunizéieren
  • d’Co-Évaluatiounsfiche vum LTPS kennen a benotzen
  • Konflikter virausgesinn, vermeiden a geréieren
    • Mme Anouk BAUM / M. Roland MULLER

Modul 4: 19. Dezember 2022
VUM ACCUEIL BIS HIN ZUR EVALUATIOUN

  • de Stagiaire empfänken an integréieren
  • den Encadrement personaliséieren
  • oppassen op d’Motivatioun
  • Kompetenzen evaluéieren
  • de Student evaluéieren
  • sech selwer evaluéieren
  • Entwécklungspunkten opdecken a Verbesserungsweeër sichen
    • M. Christian WEIBEL

Formateuren

  • Anouk BAUM, Enseignante am LTPS
  • Roland MULLER, Enseignant et Coordinateur BSI am LTPS
  • Christian WEIBEL, Responsable fir d’Kommunikatioun a Formateur vum Competence Centre

Contact

Fir all weider Informatioun, kontaktéiert w.e.g. :

Virginie Eliezer

polesante@competence.lu

+352 26 15 92 29

Deelt dës Formatioun op :