Encadrer un nouveau collaborateur – Automne 2021

Encadrer un nouveau collaborateur – Automne 2021

  • Ufanksdatum 23 September 2021
  • Dauer 14 heures
  • Plaz Maison du Savoir
    2, avenue de l’Université
    L-4365 Esch-sur-Alzette
  • Sprooch Luxembourgeois
  • Präis (ouni TVA) 580.00 

Kontext vun der Formatioun

Nouveauté 2021 : Formation multilingue

La formation “Encadrer un nouveau collaborateur” devient multilingue : Dorénavant la langue véhiculaire standard du cours sera le luxembourgeois. Cependant, toutes les discussions pourront se faire en luxembourgeois, allemand ou français, selon les besoins concrets des participants du groupe. Les supports de cours seront disponibles en français et en allemand. Le formateur s’adaptera au groupe et les participants seront libres d’utiliser la langue qui leur convient le mieux pour les travaux de groupe, les présentations des résultats ainsi que les discussions et les questions.

Hautdesdags ass et vu strategescher Wichtegkeet en neie Matarbechter (oder Stagiaire) gutt z’integréieren. Ma genee dat gëtt awer och all ze oft ënnerschat.

An Zesummenaarbecht mat der UFEP huet de Competence Centre dofir eng Formatioun entwéckelt, déi iech hëllefe soll esou en Onboarding effizient ze gestalten. Mat Hëllef vun enger fundéierter Approche, enger Partie Outilen an enge sëllegen Tipps an Tricks sidd dir duerno prett fir selwer en Integratiounsparcours op d’Been ze stellen.

Gitt och Dir eng Referenzpersoun fir effizienten Onboarding a suergt dofir datt nei Mataarbechter sech schonn no kuerzer Zäit wuel an net méi wéi di “Nei” fillen !

Ziler

An dëser Formatioun léiert dir :

  • iech selwer kennen an entwéckelt är Kommunikatiounskompetenzen
  • nei Mataarbechter empfänken an iech als Begleeder ze positionéieren
  • Weeër kennen ärt Wëssen ze vermëttelen an är pädagogesch Kompetenzen z’erweideren
  • den Encadrement ze strukturéieren an eng Integratioun ze favoriséieren
  • wéi een berufflech a perséinlech Ziler festleet
  • z’évaluéieren op a wéi en neie Mataarbechter säi Posten gutt ugetrueden huet

Programm vun der Formatioun

De Programm vun der Formatioun ass op 2 Deeg opgedeelt:

1. Dag – Sech als Begeleeder positionéieren an den neie Mataarbechter empfänken

  • Léiert iech selwer besser kennen an är Mataarbechter besser verstoen.
  • Identifizéiert är Roll als Begleeder a gitt iech der Wichtegkeet vun enger gudder Integratioun bewosst.
  • Definéiert är Begleederroll an di dovun ofgeleete Missiounen.
  • Sidd iech ärer pädagogescher Missioun bewosst.
  • Entwéckelt déi Kompetenzen, déi vun engem Begeleeder erwaart ginn.
  • Sensibiliséiert är Equipe wat den Encadrement vum neie Mataarbechter betrëfft.
  • Bereed dem neie Mataarbechter seng Ukunft vir (Dokumentatioun, administrativ Demarchen, Material, Plang, Equipe)
    • den 23. September 2021 vun 9 bis 17 Auer

 

2. Dag – Den neie Mataarbechter begleeden an evaluéieren

  • Léiert Methode kennen mat deenen een aktiv Wëssen, Know-How an tëschemënschlech Kompetenze vermëttele kann.
  • Erkläert d’Erwaardungen a setzt Ziler (mat Critèren).
  • Erkennt d’Besoine vum neie Mataarbechter an identifizéiert Entwécklungsméiglechkeeten.
  • Benotzt konstruktiv a valoriséiernd Kommunikatiounstechniken.
  • Evaluéiert Kompetenzen an entwéckelt e konkreten Aktiounsplang.
  • Léiert Feedbacktechniken kennen a wéi een se bewosst a virun allem effizient asetze kann.
    • de 24. September 2021 vun 9 bis 17 Auer

D’Formatioun gëtt je no Besoin vum Grupp op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch gehalen, d’Supporten si suwuel op Franséisch wéi och op Däitsch verfügbar.

Formateuren

Christian Weibel

  • Responsabel fir d’Kommunikatioun a laangjährege Formateur beim Competence Centre

CONTACT

Fir all weider Informatioun, kontaktéiert w.e.g. :

Virginie Eliezer

virginie.eliezer@competence.lu / +352 26 15 92 29

Deelt dës Formatioun op :