Encadrer un nouveau collaborateur – Automne 2022

Encadrer un nouveau collaborateur – Automne 2022

  • Ufanksdatum 17 November 2022
  • Dauer 14 heures
  • Plaz Campus Belval
    Maison du Savoir
    2, avenue de l'Université
    L-4365 Esch-sur-Alzette
  • Sprooch Luxembourgeois
  • Präis (ouni TVA) 580.00 

Kontext vun der Formatioun

Hautdesdags ass et vu strategescher Wichtegkeet en neie Matarbechter (oder Stagiaire) gutt z’integréieren. Ma genee dat gëtt awer och all ze oft ënnerschat.

An Zesummenaarbecht mat der UFEP huet den ULCC dofir eng Formatioun entwéckelt, déi iech hëllefe soll esou en Onboarding effizient ze gestalten. Mat Hëllef vun enger fundéierter Approche, enger Partie Outilen an enge sëllegen Tipps an Tricks sidd dir duerno prett fir selwer en Integratiounsparcours op d’Been ze stellen.

Gitt och Dir eng Referenzpersoun fir effizienten Onboarding a suergt dofir datt nei Mataarbechter sech schonn no kuerzer Zäit wuel an net méi wéi di « Nei » fillen !

Ziler

An dëser Formatioun léiert dir :

  • iech selwer kennen an entwéckelt är Kommunikatiounskompetenzen
  • nei Mataarbechter empfänken an iech als Begleeder ze positionéieren
  • Weeër kennen ärt Wëssen ze vermëttelen an är pädagogesch Kompetenzen z’erweideren
  • den Encadrement ze strukturéieren an eng Integratioun ze favoriséieren
  • wéi een berufflech a perséinlech Ziler festleet
  • z’évaluéieren op a wéi en neie Mataarbechter säi Posten gutt ugetrueden huet

Programm vun der Formatioun

De Programm vun der Formatioun ass op 2 Deeg opgedeelt:

  1. Dag – Sech als Begeleeder positionéieren an den neie Mataarbechter empfänken

Donnesdeg, de 17. November 2022: vun 9h bis 17h

  • Léiert iech selwer besser kennen an är Mataarbechter besser verstoen.
  • Identifizéiert är Roll als Begleeder a gitt iech der Wichtegkeet vun enger gudder Integratioun bewosst.
  • Definéiert är Begleederroll an di dovun ofgeleete Missiounen.
  • Sidd iech ärer pädagogescher Missioun bewosst.
  • Entwéckelt déi Kompetenzen, déi vun engem Begeleeder erwaart ginn.
  • Sensibiliséiert är Equipe wat den Encadrement vum neie Mataarbechter betrëfft.
  • Bereed dem neie Mataarbechter seng Ukunft vir (Dokumentatioun, administrativ Demarchen, Material, Plang, Equipe)
  1. Dag – Den neie Mataarbechter begleeden an evaluéieren

Freideg, den 18. November 2022: vun 9h bis 17h

  • Léiert Methode kennen mat deenen een aktiv Wëssen, Know-How an tëschemënschlech Kompetenze vermëttele kann.
  • Erkläert d’Erwaardungen a setzt Ziler (mat Critèren).
  • Erkennt d’Besoine vum neie Mataarbechter an identifizéiert Entwécklungsméiglechkeeten.
  • Benotzt konstruktiv a valoriséiernd Kommunikatiounstechniken.
  • Evaluéiert Kompetenzen an entwéckelt e konkreten Aktiounsplang.
  • Léiert Feedbacktechniken kennen a wéi een se bewosst a virun allem effizient asetze kann.

D’Formatioun gëtt je no Besoin vum Grupp op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch gehalen, d’Supporten si suwuel op Franséisch wéi och op Däitsch verfügbar.

Formateuren

  • Christian WEIBEL
    • Responsabel fir Marketing & Kommunikatioun beim ULCC
    • laangjärege Formateur fir Erwuessener am Beräich Kommunikatioun, Pedagogie a Sproochen

 

Contact Fir all weider Informatioun, kontaktéiert w.e.g.:

Virginie Eliezer / +352 26 15 92 29

Deelt dës Formatioun op :