Nouveauté 2021/2022 : Formation multilingue et intégration spécialisations
- La formation de l’infirmier tuteur devient multilingue : Dorénavant la langue véhiculaire standard du cours sera le luxembourgeois. Cependant, toutes les discussions pourront se faire en luxembourgeois, allemand ou français, selon les besoins concrets des participants du groupe. Les supports de cours seront disponibles en français et en allemand. Le formateur s’adaptera au groupe et les participants seront libres d’utiliser la langue qui leur convient le mieux pour les travaux de groupe, les présentations des résultats ainsi que pour poser des questions.
- La formation de l’infirmier tuteur intègre les spécialisations : Développée principalement pour les soins généraux, la formation connaît néanmoins un succès conséquent dans les spécialisations. Afin de mieux pouvoir répondre à ces demandes et questions, une version “spécialisée” sera proposée une première fois au printemps 2022 lors de laquelle les coordinateurs des spécialisations seront présents au module 2. La promotion automne 2021 est par conséquent réservée aux soins généraux.
Dir encadréiert Infirmiers-Stagiairen ?
An Zesummenaarbecht mam LTPS, bidde mir iech dës Formatioun un, déi iech hëllefe wäert är Kompetenzen fr d’Begleedung vun de Studenten ze erweideren. Esou kënnt dir nach besser an är Roll als Tuteur erawuessen an är Missiounen am Kader vum Encadrement vun de Studenten esou erfëllen, datt si fir iech an är Institutioun am meeschte Sënn mécht.
Dir wëllt nach méi iwwer d’Formatioun fir Infirmiers Tuteure wëssen? Mir organiséieren eng digital Informatiounssëtzung de 7. September 2021 um 17h. Schreift Iech an a mir beäntweren all är Froen.
D’Zil vun der Formatioun ass iech de Référentiel de compétences vum LTPS nozebréngen an iech ze hëllefen är Plaz als Tuteur ze fannen, dat mat deem richtege pädagogesche Bagage.
Um Enn vun der Formatioun sidd dir fäheg:
- iech als Tuteur/Tutrice ze positionnéieren
- d’Léierziler vum LTPS ze verstoen a si um Terrain ëmzesetzen
- är Approche ze strukturéieren an effizient ze kommunizéieren
- d’Studenten an hirem Stage z’encadréieren, hinnen d’Méiglechkeet ze ginn sou vill wéi méiglech ze léieren a si z’evaluéieren
D’Formatioun ass kloer op d’Soins généraux ausgeluecht. Si kann awer och vu Leit aus de Spezialiséierunge besicht ginn, et ka just an deem Fall net op all Fro spezifesch agaange ginn.
D’Formatioun ass op 4 Deeg opgedeelt an deenen dir ënneschiddlech Säite vun ärer Roll als Tuteur a Begleeder vun de Studente während hirem Stage an der Infirmiersausbildung kenneléiere wäert. Dir kritt esou alles wat dir braucht fir är Plaz am Enseignement clinique anzehuelen.
Modul 1: 4. Oktober 2021
D’ROLL VUM TUTEUR A SÄI PÄDAGOGESCHE POSITIONNEMENT
Modul 2: 11. Oktober 2021
D’LÉIERZILER VERSTOEN A SI UM TERRAIN ËMSETZEN
Modul 3: 18. Oktober 2021
SENG APPROCHE STRUkTURÉIEREN AN EFFIZIENT KOMMUNIZÉIEREN
Modul 4: 25. Oktober 2021
VUM ACCUEIL BIS HIN ZUR EVALUATIOUN
Contact
Fir all weider Informatioun, kontaktéiert w.e.g. :
Virginie Eliezer
virginie.eliezer@competence.lu
+352 26 15 92 29
Deelt dës Formatioun op :