Formation multilingue intégrant les spécialisations
- Cette édition de la formation de l’infirmier tuteur intègre les spécialisations : Développée principalement pour les soins généraux, la formation connaît néanmoins un succès conséquent dans les spécialisations. Afin de mieux pouvoir répondre à ces demandes et questions, cette version « spécialisée » vous est proposée au printemps 2023 lors de laquelle les coordinateurs des spécialisations seront présents au module 2.
Dir encadréiert Infirmiers-Stagiairen ?
An Zesummenaarbecht mam LTPS, bidde mir iech dës Formatioun un, déi iech hëllefe wäert är Kompetenzen fir d’Begleedung vun de Studenten ze erweideren. Esou kënnt dir nach besser an är Roll als Tuteur erawuessen an är Missiounen am Kader vum Encadrement vun de Studenten esou erfëllen, datt si fir iech an är Institutioun am meeschte Sënn mécht.
D’Zil vun der Formatioun ass iech de Référentiel de compétences vum LTPS nozebréngen an iech ze hëllefen är Plaz als Tuteur ze fannen, dat mat deem richtege pädagogesche Bagage.
Um Enn vun der Formatioun sidd dir fäheg:
- iech als Tuteur/Tutrice ze positionnéieren
- d’Léierziler vum LTPS ze verstoen a si um Terrain ëmzesetzen
- är Approche ze strukturéieren an effizient ze kommunizéieren
- d’Studenten an hirem Stage z’encadréieren, hinnen d’Méiglechkeet ze ginn sou vill wéi méiglech ze léieren a si z’evaluéieren
Dës speziell Versioun vun der Formatioun ass un d’Besoine vun de Spezialiséierungen ugepasst ginn. Di eenzel Koordinateuren sinn am Modul 2 moies do fir op all är konkret Froen z’äntweren. Fir d’Soins généraux schreift iech w.e.g. hei an.
D’Formatioun ass op 4 Deeg + 1 optionellen Austauschworkshop opgedeelt an deenen dir ënneschiddlech Säite vun ärer Roll als Tuteur a Begleeder vun de Studente während hirem Stage an der Infirmiersausbildung kenneléiere wäert. Dir kritt esou alles wat dir braucht fir är Plaz am Enseignement clinique anzehuelen.
Modul 1: 17. Abrëll 2023
D’ROLL VUM TUTEUR A SÄI PÄDAGOGESCHE POSITIONNEMENT
Modul 2: 24. Abrëll 2023
D’LÉIERZILER VERSTOEN A SI UM TERRAIN ËMSETZEN
Modul 3: 26. Abrëll 2023
SENG APPROCHE STRUkTURÉIEREN AN EFFIZIENT KOMMUNIZÉIEREN
Modul 4: 5. Mee 2023
VUM ACCUEIL BIS HIN ZUR EVALUATIOUN
+ optionalen Austauschworkshop: 12. Juni 2023 vun 13h-17h
Contact
Fir all weider Informatioun, kontaktéiert w.e.g. :
Virginie Eliezer
+352 26 15 92 530
Deelt dës Formatioun op :